Déi éischt Editioun vun der Jonglënster/Betzder Vëlo’s Rallye, Sonndes den 22. September, huet e groussen Uklang fonnt. Duerch d’Zesummenaarbecht vun den Ëmweltkommissiounen aus de Gemenge Jonglënster a Betzder ass ee flotte Parcours opgestallt ginn. Hei hunn och d‘Verkéierskommissioun an d’Sport- a Jugend Kommissioun vu Lënster eng Hand mat ugepaakt. Eng ronn 120 Vëlosfuerer hu matgemaach, an hei op eng aner Manéier déi zwou Gemenge kennegeléiert.
Vëlo’s Rallye duerch Lënster a Betzder
22 September 2019