Schëffleng: Aweiung Beienhaus a Beiestäck

Home News Beiträge Schëffleng: Aweiung Beienhaus a Beiestäck
Schëffleng: Aweiung Beienhaus a Beiestäck

Schëffleng: Aweiung Beienhaus a Beiestäck

Claudine Feiereisen, A.C. Schifflange Aus der Praxis 1 August 2016

Zu Schëffleng hu mer an de vergaangene Joren vill investéiert an d’Restauratioun vu Naturräim an d’Schafe vu neie Biotopen a mer maachen dat och weider esou. D’Biotoper ob dëse Flächen sinn ganz ënnerschiddlech, Dréchewissen ob den alen Dagebauflächen, wou vill verschidden Orchideen an aner Blumme wuessen, Fiichtwissen an extensiv Beweedung ronderëm d’Uelzecht, a schlussendlech d’forêt alluviale, den Auebësch an d’Stëllgewässer hei am Brill, wou vill  Zuch Vullen Etapp maachen ob hirem Wee an de Süden am Hierscht an um Wee erëm zréck am Fréijoer.

Mer si frou datt e lokalen Imker an der Persoun vum Laurent Schroeder bereet war e Projet mat der Gemeng zesummen ze maachen. Mer hu mat him hei am Bongert an um Lalléngerbierg Beiestäck opgestallt, fir der Beiepopulatioun hei zu Schëffleng erëm Opdriff ze ginn. Vun de 6 Beievölker déi mer virun 2 Joer zesumme mam Imker opgestallt hunn, hunn der just 2 iwwerlieft. Dëst wéisst wéi wichteg et ass do net nozeloossen a weider drun ze schaffen, de Beien Liewensraim ze schafen, mä och d’Geforen deene Beien ausgesat sinn ze eliminéieren.

Hei ob dëser Plaz hu mer en Ënnerstand gebaut, deen et erlaabt den interesséierte Bierger an de Schoulen d’Thema Beien méi no ze bréngen. Den Imker Laurent Schroeder mécht sech eng Freed draus, fir deenen déi wëllen d’Funktionnement vun engem Beievollek ze erklären a wéi déi verschidde Produkter déi d’Beien onermiddlech hirstellen entstinn. Natierlech kann ee bei him och déi Produkter déi d’Beien duerch hir onermiddlech Aarbecht produzéieren, wéi den Hunneg, Propolis a Pollen mä och Beiewues kréien.

 

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :