D’Gemeng Käerjeng invitéiert hir Biirger : MAACHT MATT – hëlleft  PLASTIKMÜLL VERMEIDEN!

Home News Beiträge D’Gemeng Käerjeng invitéiert hir Biirger : MAACHT MATT – hëlleft  PLASTIKMÜLL VERMEIDEN!
D’Gemeng Käerjeng invitéiert hir Biirger :  MAACHT MATT – hëlleft  PLASTIKMÜLL VERMEIDEN!

D’Gemeng Käerjeng invitéiert hir Biirger : MAACHT MATT – hëlleft  PLASTIKMÜLL VERMEIDEN!

KLIMATEAM GEMENG KÄERJENG Aus der Praxis 15 April 2019

 

No Ouschteren wäerten esou REFILL-Statiounen op ëmmer méi Plazen an der Gemeng Käerjeng ze fannen sinn. Duerch dës Aktioun soll de Gebrauch vu Plastiksfläschen ageschränkt ginn an d’Leit nees dozou beweegt ginn, eist gutt Krunnewaasser ze drénken.

Leider ass et e bëssen an de Vergiess geroden: D’Lëtzebuerger Drénkwaasser ass dat am strengsten kontrolléiert Liewensmëttel iwwerhaapt an huet eng exzellent Qualitéit.

Säit e puer Joer fënnt een schonns esou een Waasserspender am Käerjenger Recyclingszenter, dem ECOCENTER. Dräi weider Refill-Statiounen wäerten Mëtt Abrëll an eise Sportshalen DRIBBEL an op ACKER  esouwuel de Sportler ewéi och jidder Bierger zur Verfügung stoen. Natierlech kënnen och d’Schoulkanner an der Paus dovun profitéieren. Jiddereen, deen eng eidel Fläsch oder Bidon derbäi huet, duerf gratis opfëllen.

Op wat waarts du nach? Maach matt: REFILL!

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :