LUERENZWEILER GARAGE SALE / Garagefloumaart

Home News Beiträge LUERENZWEILER GARAGE SALE / Garagefloumaart
LUERENZWEILER GARAGE SALE / Garagefloumaart

LUERENZWEILER GARAGE SALE / Garagefloumaart

Marguy Kirsch-Hirtt Aus der Praxis 15 September 2019

Am Kader vun der Mobilitéitswoch huet d’Gemeng Luerenzweiler, zesummen mat der Ëmweltkommissioun, den éischte LUERENZWEILER GARAGE SALE / Garagefloumaart, Sonndes, de 15. September 2019, vu 15.00 bis 18.00 an der Gemeng Luerenzweiler organiséiert.

25 Matbiergerinnen a Matbierger haten hir Garagen opgemaach, fir Saachen ze verkafen, déi si net méi brauchen.

Mat dëser Initiative vun der Ëmweltkommissioun bleiwen d’Saachen, déi nach gutt sinn, am Gebrauch, anstatt datt se ewechgehäit ginn. E wäertvolle Beitrag also zur Offallvermeidung an zur „Économie circulaire“. Et war och eng flott Geleeënheet fir duerch d’Dierfer ze spadséieren, mat deem engen oder aneren e puer Wierder ze tauschen an dobäi eppes Interessantes ze fanne wat ee gebrauche kann! Beim Centre Culturel um Quetschefest war fir Iessen an Drénke gesuergt.

D’Gemeng huet e Flyer mat engem Plang, mat sämtlechen Haiser, déi eppes unzebidden haten, erausginn.

Eng flott Initiative, déi gutt ukomm war a bei guddem Wieder vill Leit ugelackelt hat.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :