Vum 16.9 bis den 22.9 hunn am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch eng sëlleg Aktiounen an der Gemeng Nidderaanwen stattfonnt. Gestart gouf mat enger Sensibiliséierungscampagne, wou d’ Ëmweltkommissioun Informatioun zu verschiddenen Mobilitéitsthemen ausgeschafft huet. Dës Artikelen si wärend der Woch all Dag op de verschiddenen Medie vun der Gemeng publizéiert ginn.
Mëttwochs huet am Centre de loisirs eng Reunioun bezüglech der Planung vum zoukënftege Citybus zesumme mat dem Büro Schroeder & associés stattfonnt.
Donneschdes den 19.9 hunn d’ Memberen aus dem Gemengen-a Schäfferot an der Ëmweltkommissioun op verschiddene Busarrêten un d’ Notzer vum ëffentlechen Transport, sou wéi un d’ Kanner vum Pedibus eng 250 Croissante mat Fairtrade-Schockela verdeelt.
Als Ofschloss vun der Mobilitéitswoch goufe Samschdeg den 21.9,wéi all Joer verschidde Circuiten fir de Mountainbike, Coursevëlo, Foussgänger, Rollstullfuerer a Kanner duerch d’ Gemeng vun der Ëmweltkommissioun geleet. Virum Start konnten sech d’ Participanten déi nei App “GoGo VELO” rofluede fir hier Kilometer mam Vëlo opzehuelen. No deene Circuiten huet d’ Ëmweltkommissioun op ee Patt a Maufel mat selwer gemaachener Antigaspi-Geméiszopp an Taart agelueden.