Och am Kader vun der Mobilitéitswoch haten d’Klimateam an d’Ëmweltkommissioun vun der Gemeeng Luerenzweiler d’Awunner invitéiert op:
MEET AND GREET OP DER VËLOSPISTE
beim Vëloshaischen, tëscht Hielem an Hënsdref
Donneschdes, den 19. September 2019, 16.00-18.00 Auer.
D’Klimateam huet e Glas frësche Viz offréiert an iwwert Fairtrade Produit’en informéiert.
TOUR DU DUERF
Mam Vëlo duerch eis Gemeng
Samschdes, den 21. September 2019, tëscht 9.30 an 11.00 Auer, hu mer eis mat Kaffi a Croissant gestäerkt, op en Tour mam Vëlo duerch eis Dierfer gemaach. D’Wieder an d’Stëmmung ware gutt.