Gemeinsam joggen an dobäi Dreck laanscht d’Streck asammelen – dat ass de Projet Plogging an der Gemeng Péiteng.
Zu Rodange huet den 1. Mäerz 2020 déi éischt Plogging-Aktioun stattfonnt. D’Initiativ gouf vun der Ëmweltkommissioun an d’Liewe geruff, mat der Ënnerstëtzung vum Leichtathletikveräin RBUAP. Eng ronn 15 Leit hunn deemools un der éischter Editioun deelgeholl an op enger Streck vun ongeféier 5 Kilometer tëscht dem Parking Doihl, dem Fond-de-Gras an dem Sentier des Poètes vill Offall gesammelt.
D’Iddi war vun Ufank u Sport, Gemeinschaft an Ëmweltschutz ze verbannen. All éischte Sonndeg am Mount soll eng aner Streck duerch Péiteng, Lamadelaine a Rodange gelaf ginn – an dobäi gëtt eis Gemeng Schrëtt fir Schrëtt vun ewechgehäitene Saache befreit.
Mëttlerweil si mer bei der 45. Editioun ukomm. Aus enger klenger Initiativ ass eng regelméisseg Aktioun ginn, bei där ëmmer nees nei Leit dobäi kommen an zesumme fir méi Bewegung an eng méi propper Ëmwelt suergen.
Plogging ass méi wéi nëmmen Joggen: Et geet drëm zesummen eppes fir eis Ëmwelt ze maachen an dobäi och nach Spaass un der Bewegung ze hunn.

