Mit vielen Fotos, dem Film und den Vorträgen der Konferenz zur Anpassung an den Klimawandel zum Anschauen und Downloaden !
RĂĽckblick auf den „Klimadag 2025“
10 Juni 2025
Mit vielen Fotos, dem Film und den Vorträgen der Konferenz zur Anpassung an den Klimawandel zum Anschauen und Downloaden !
"The last seed" wurde am 29.11. im Ciné Le Paris gezeigt. Bei der gemeinsamen Veranstaltung von KBL, ASTM, Gemeinde Bettemburg, SEED asbl und Slow Food ging es um die Wichtigkeit der Ernährungssouveränität für lokale und globale Veränderungen.
Invitatioun op eng Konferenz mat Table ronde zu Hesper, organiséiert vun der Gemeng Hesper an Zesummenaarbecht mat der Sozialkommissioun an der Kommissioun fir Emwelt a Klima. Donneschdeg, den 28. November um 18h30 am Celo Hesper.
Uhrzeit: 19h Ort: Ôpen, 12 Rte d'Echternach, 6114 Junglinster. Anmeldung erwünscht (begrenzte Plätze): klima@astm.lu
No enger Ëmfro am Juli iwwer d’Besoinen an d’Erwaardunge vun eise Bierger.innen aus der Gemeng an eise Betriber zu Grass, ass et den 28. September drëms gaangen, konkret ze ginn. Zesumme mat ronn 20 Matbierger.innen a Vertrieder.innen vun Entreprise vu Grass goufen iwwer d’Theme Mobilitéit, Gréngflächen, Zentrum an Zesummeliewen diskutéiert.
Esch, eine Stadt, die sich nicht nur darauf konzentriert, die Treibhausgasemissionen zu reduzieren, sondern auch die Einwohner aktiv in die Schaffung einer klimaresilienten Stadt einzubeziehen. Das Team des Service écologique der Stadt Esch möchte die Bewohner von Esch durch die Ausstellung dazu inspirieren, gemeinsam nach Lösungen zu suchen und um zu setzten. Sie arbeiten eng mit der Vereinigung Transition Minett zusammen, um hochrangige Veranstaltungen zu organisieren und die Bevölkerung sowie die Unternehmen in Esch zu mobilisieren.
E Samschden, de 15. Juni, huet déi drëtt Editioun vun eisem Biergerforum stattfonnt. D’Thema vun dësem Joer war „Stengefort Naturno“. D’Bierger.innen goufen an enger kuerzer Aféierung iwwer d’Bedeitung vun enger naturnoer Gestaltung vun ëffentleche Plazen opgekläert. Dobäi gouf besonnesch op d’Wichtegkeet fir d’Biodiversitéit an d’Klimaresilienz, also d’Widerstandsfäegkeet vun der Gemeng Stengefort a Bezuch op d’Äerderwärmung, an de Vierdergrond gestalt.
Duerch Waasserpill, iwwer matscheg Weeër an ënnerem Reen erduerch goung et bei nawell killen Temperaturen a Reeschaueren op d’Sich no de wëllen Orchideeën, déi an eiser Regioun doheem sinn. Vill Erklärunge gouf et vum Fierschter, esou och, datt et hei zu Lëtzebuerg eng ronn 30 wëll Orchideeë gëtt, mir der 21 eleng um Giele Botter hunn. Déi mussen onbedingt geschützt gi fir datt och déi zukünfteg Generatioune vun dëser Vielfalt vun Zorte ka profitéieren.
Zesumme mat de Kolleeg:innen vu CELL, EBL an IMS huet d'Klima-Bündnis Lëtzebuerg um Klimapaktdag 2024 e Workshop zur Upassung un d'Klimakriis organiséiert. Iwwer 60 Leit hun dorunner an den 2 Sessiounen deelgeholl. Zum Optakt hunn de Bruno Alves vum Emweltministère & an de Lex Faber vum CIPU eng Rei vu grondaetzlechen Informatiounen gedeelt. Deen een zum Update vun der nationaler Klima-Upassungsstrategie an deen aaneren e.a. zu den Erausfuerderungen vum Klimawandel am urbane Raum.
Vum 4. op de 5. Juni huet fir déi 7. Kéier d’Woche der Umwelt zu Berlin, am Gaart vum däitsche Bundespräsident, stattfonnt. Mat ronn 190 Exposant’en  a 70 Fachforen goufen déi verschiddenst Themen ofgedeckt: Vun Ëmwelt iwwert Ressourcen, Natur a Biodiversitéit, Energietransitioun a Circular economy, wor alles derbäi. D’Participatioun wor och gutt gestreet mat PME’en, Veräiner a Verbänn bis Héichschoulen an Uni’en aus ganz Däitschland. Dës Kéier wor och eng Delegatioun aus Lëtzebuerg, am ganzen 11 Persounen, mat derbäi.
Copyrights 2018 All Rights Reserved Klimabuendnis | Datenschutzhinweise