Zesumme mat de Kolleeg:innen vu CELL, EBL an IMS huet d'Klima-BĂŒndnis LĂ«tzebuerg um Klimapaktdag 2024 e Workshop zur Upassung un d'Klimakriis organisĂ©iert. Iwwer 60 Leit hun dorunner an den 2 Sessiounen deelgeholl. Zum Optakt hunn de Bruno Alves vum EmweltministĂšre & an de Lex Faber vum CIPU eng Rei vu grondaetzlechen Informatiounen gedeelt. Deen een zum Update vun der nationaler Klima-Upassungsstrategie an deen aaneren e.a. zu den Erausfuerderungen vum Klimawandel am urbane Raum.
WS Klima-Adaptatioun am Kader vum Klimapaktdag
07 Juni 2024











