Méinden den 29. Januar 2024 hunn d’Schäfferéit vun de Gemengen Nidderaanwen a Schëtter, a Präsenz vum Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, dem Här Serge Wilmes, an dem Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus, dem Här Lex Delles déi éischte Kéier op d’Receptioun mat den Entreprisen aus deenen zwou Gemengen agelueden.
Eng ronn 120 Leit, dorënner Geschäftsfraen a -männer vu 56 verschiddenen Entreprisen, hunn de Wee an de Loisi zu Nidderaanwen fonnt, fir sech ënnertenee kennenzeléieren an auszetauschen.
Am Fokus stoung d’Presentatioun vun der Klima-Agence iwwert d’Moossname fir d’Energietransitioun fir Betriber, ier den Owend mat engem flotten Networking mat de Geschäftsleit, de Membere vun de Schäffen- a Gemengereit vun Nidderaanwen a Schëtter, sou wéi mat de Ministeren ofgeschloss gouf.