Am Kader vu sengem 50. Anniversaire huet de Syndikat SIAS op Ueweraanven op de Virtrag vum Meteorolog an Televisiounspresentateur Sven Plöger zum Thema „Zieht euch warm an, es wird heiss!“ invitéiert.
A sengem Virtrag huet de Sven Plöger Themen, wéi déi sëllech Hëtztrekorder, der extremer Dréchent, d’Bëscher, déi iwwer grouss Fläche vun Alaska bis an d’Trope brennen, an dann net ze vergiessen d’Joerhonnert- a Jorzengteniwwerschwemmungen vun de leschte Jore klasséiert an ass dorop agaangen, wat eis an den nächste Joren erwaart. Trotz dem Eescht vum Thema huet hien dëst op eng humoristesch Aart a Weis presentéiert a weist eis wou d’Stellschrauwen si fir de Klimawandel a Grenzen ze halen.
Méi wéi 200 Leit sinn deen Owend op d’Konferenz am “A Schommesch” komm, dee bal aus sengen Néite geplatzt ass.