Fir de wichtigen Thema Biodiversitéit besser ze verstoen, gëtt am klenge Grupp eng Fresque zu deem Thema zesummegesat an interpreetéiert. Et erschafft een sech esou spilleresch an interaktiv e Wëssen, dat ee ka bei Initiativen zur Biodiversitéit am Gaard, an der Gemeng, oder an der nationaler Politik uwenden.
Den Atelier ass vu 14 bis 17 Auer (op franséisch), den 12. September 2026,
an der Däichhal zu Ettelbréck, 3, Rue du Deich, Ettelbruck L-9012
organiséiert vu Klima-Bündnis / ASTM an ESE
am Kader vun der Ettelbrécker Ëmweltfoire
Participatioun ass gratis, mee et soll ee sech aschreiwen : Link op de Formulaire

