Den europäesche Projet Echosoil ( www.echosoil.eu ) well souwuel eng Kartographéierung vun der Buedemqualitéit queesch duerch Europa, grad ewéi och d’Wëssen an den Interessi dorunner bei de BiergerInnen a Bierger ënnerstëtzen. Dofir goufen an enger ganzer Rei vun europäesche Länner sougenannten “Buedemprouf-Kits” u Privatleit, awer och un Gemengenservicer oder Gemeinschaftsgäert verdeelt. Mat deenen Kits kenne verschidden Parameteren am Buedem gepréift ginn, wéi z.B.

- Präsenz vu Verschmotzungen;
- Iwwerschoss oder Manktem u Nährstoffer a Salzer;
- Präsenz vun organeschen Kuelestoffer;
- Biodiversitéit am Buedem;
- pH-Wäert;
- Vegetatiouns-Bedeckung;
- Struktur a Textur;
- ….
Egal op an engem Gaart, engem Bongert, op engem Feld oder am Bësch kennen mat dëse Kits innerhalb vun ronn 20 Minutten eng Rei vun Tester gemaach ginn, d’Resultater ginn dann via eng App agedroen an ofgespäichert. Zousätzlech ginn och nach Prouwen an engem Labo op z.B. d’Belaaschtung mat Schwéiermetaller getest.
Well d’Organisateuren vum Projet Echosoil Probleemer haten, fir zu Lëtzebuerg genuch Buedemprouwen zesummen ze kréien, hu se sech un d’Klima-Bündnis Lëtzebuerg gericht. An d’KB-Gemengen ware séier bereet, do matzemaachen, well et jo och an hirem Interessi ass, méi iwwert d’Buedemqualitéit op hirem Terrain ze wëssen – eng Buedemqualitéit, déi och vill zum Klimaschutz ka bäidroen, wa se gutt ass, well gesonde Buedem vill CO2 ka späicheren.
Déi gesammelt Donnéeën gi no an no iwwer ECHOREPO ( https://echorepo.quanta-labs.com/explore ), en Archiv fir Buedemdaten, disponibel gemeet.

