Ettelbrécker Ëmweltfoire

Home News Beiträge Ettelbrécker Ëmweltfoire
Ettelbrécker Ëmweltfoire

Ettelbrécker Ëmweltfoire

ASTM / Klima-Bündnis Aus der Praxis 4 September 2026

Am Kader vun der Ettelbrécker Ëmweltfoire invitéiert d’Klima-Bündnis iech op eng « kulinaresch » Animatioun, bei där der iwwert den Tellerrand kënnt kucken. Ab Mëtteg entdeckt der mam « Monde des gourmets » e ganz speezielle Menü, deen iech d’Iessen op eng nei Manéier appréciéire léisst.

Nieft der Animatioun hu mer ab 10:00 en Info-Stand mat Broschüren a Bicher zum Ernährungssystem an zu aneren Themme rondrëm global Gerechtegkeet a Klima.

Zousätzlech organiséire mer eng Biodiversitéits-Fresque, bei där een dee komplexen Thema liicht vermëttelt kritt. Dobäi setzt een am klenge Grupp eng Fresque vun der Biodiversitétit zesummen an interpreetéiert se. Et erschafft een sech esou spilleresch an interaktiv e Wëssen, dat ee ka bei Initiativen zur Biodiversitéit am Gaard, an der Gemeng, oder an der nationaler Politik uwenden.

Dësen Atelier ass op Franséisch andauert vu 14 :00 bis 17 :00
Méi Detailler hei ; Aschreiwung hei.

D’Ëmweltfoire ass an der Däichhal,
3, Rue du Deich, Ettelbruck L-9012,
e Samschdeg 12.9. ab 10:00

Méi Infos op der Facebook-Säit vun der Stad Ettelbréck.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :