Besuch op der „Woche der Umwelt“ zu Berlin
Vum 4. op de 5. Juni huet fir déi 7. Kéier d’Woche der Umwelt zu Berlin, am Gaart vum däitsche Bundespräsident, stattfonnt. Mat ronn 190 Exposant’en a 70 Fachforen goufen déi verschiddenst Themen ofgedeckt: Vun Ëmwelt iwwert Ressourcen, Natur a Biodiversitéit, Energietransitioun a Circular economy, wor alles derbäi. D’Participatioun wor och gutt gestreet mat PME’en, Veräiner a Verbänn bis Héichschoulen an Uni’en aus ganz Däitschland.
Dës Kéier wor op meng Initiative och eng Delegatioun aus Lëtzebuerg, am ganzen 11 Persounen, mat derbäi. Vertrieder aus de Gemengen Hesper, Nidderanven, Suessem a Monnerech, wéi och dem Klimabündnis, dem SIAS, dem Naturpakt Our, der Superdreckskëscht an enger Architektin konnten sech no Häerzensloscht déi Stänn a Fachforen auswielen, déi hire Besoin’en am beschte gerecht ginn. Genee sou wichteg wor et awer och Kontakter ze knäppe fir mat neiem Elan an dëse Beräicher no vir ze kucken an Neies ze entdecken.
Als eenzel Persoun ass et onméiglech alles ze gesinn. De Programm ass iwwersiichtlech strukturéiert fir sech déi interessantst Plazen erauszesichen.
Fir mech perséinlech waren dat: déi 4 Stuf vun enger Kläranlag mat neie Filtermethoden, de Klärschlamm besser notzen, nei Membranfilter fir d’Waasser ze botzen, Energieproduktioun op der Kläranlag, de Bambestand an de Stied mat Biller vun Dronen, Satellitten a Fliigerbiller an Zesummenhang mat KI besser ze erkennen, Baumaterial aus Holz a Stréi, Konsequenze vum Mikroplastik op de Mënsch, nei Methode fir eng Buedemheizung, Fast fashion a reuse, de soziale Gaart um Tempelhof zu Berlin, Future Farming, H2, NRW Energy4 climate «KlimaMemo», Spill fir Kanner, Wandrieder Simulatiounssoftware, Software fir Planzen ze erkennen, Lithiumbatterie – new life, Héichwaasser Préventioun fir Privatleit, mee och eng Partie Fachforen hun Interessi bei der lëtzebuerger Delegatioun fonnt , fir emol e puer Beispiller ze nennen.
Sënn an Zweck wor et, fir dës aussergewéinlech Expo hei am Land méi bekannt ze maachen an den Austausch op internationalem Niveau ze ënnerstëtzen. Dofir hat ech och onsen Ambassadeur zu Berlin, den Här Jean-Paul Senninger ugeschriwwen. Hie wor un onser Visite ganz interesséiert an hat ons fir en Austausch an d’Residenz op en Owesiessen invitéiert.
Dësen Event wor fir all Bedeelegt e grousse Succès.
D’Woche der Umwelt ass all 4 Joer (ausser 2020 wéinst Covid ausgefall) a gëtt op Invitatioun vun dem däitsche Bundespräsident an der DBU (Deutsche Bundesstiftung Umwelt) ausgeriicht.