An der Gemengerotsëtzung vum 24. Abrëll 2024 ass een neien Kollaboratiounsaccord vun der Gemeng mat der Associatioun “Caritas Jeunes et Familles” a.s.b.l. ugeholl ginn.
Nieft e puer allgemengen Ännerungen ass ee Cahier de charges fir d’Restauratioun erstallt ginn. D’Maison Relais setzt schonn säit Längerem op nohaltegt Iessen och fir d’Gesondheet vun eise Kanner ze fërderen. Als Gemeng si mir frou dass d’Prinzippen dovunner elo formaliséiert konnte ginn a mir drécken der Caritas an hirem Soustraitant, der Firma Dussmann, ee grousse Merci aus fir dass mir zesummen dëse Wee kenne goen.
Am Detail ass festgehale ginn dass:
– mindestens 50% vun de Liewensmëttel aus biologescher Landwirtschaft musse kommen;
– regional a saisonal Liewensmëttel privilegéiert musse ginn;
– Fairtrade Produiten geholl musse ginn fir verschidden Liewensmëttel déi aus méi wäite Regioune kommen;
– d’Kantinn nom Prinzip vum “Anti-gaspillage” muss funktionéieren;
– d’Labelen vun den Liewensmëttel déi genotzt ginn musse gewise ginn.