D’Energie-, Ëmwelt– a Klimakommissioun an d’Sport– a Kulturkommissioun aus der Stauséigemeng hun am Kader vun der „Semaine de la mobilité“ den 18. September 2016 fir zweet den „Dag vun der doucer Mobilitéit an der Stauséigemeng“ organiséiert. Fir datt all Participanten ouni Risiko desen Dag genéiße konnten, ass vun 10 bis 17 Auer d’Nationale N26 tëschent Béiwen an der Staumauer bei Léifreg fir den Autoverkéier gespaart gin.
Dag vun der nohalteger Mobilitéit an der Stauséigemeng
18 September 2016












