Och dëst Joer huet et nees an de Kordallgemengen geheescht “Ouni Auto duerch de Kordall”, eng Initiativ, déi vun deene 5 Gemenge Déifferdeng, Käerjeng, Kéinzeg, Péiteng a Suessem gedroe gouf.
Bei dëser drëtter Editioun hatten d’Awunner aus dëse Gemengen an all anner interesséiert Léit nees d’Méiglechkeet e flotten Tour duerch de Kordall ze machen. Ganz erfreelech war awer och, datt nees vill Kanner sech fir dësen Dag mam Vëlo begeeschtert hun. Doderniewt goufen och Trëppeltir an en Tour fir Léit « à mobilité réduite » ugebueden.
Si all konnten sech no der Ustrengung bei den Animatiounen, déi dëst Joer vun de Gemengen Péiteng a Käerjeng an Zesummenaarbecht mat de Lokalveräiner organiséiert goufen, zu Péiteng op der Liberatiounsplaz esou richteg ameséieren.