Am Kader vun der Ettelbrécker Ëmweltfoire invitéiert d’Klima-Bündnis iech op eng « kulinaresch » Animatioun, bei där der iwwert den Tellerrand kënnt kucken. Ab Mëtteg entdeckt der mam « Monde des gourmets » e ganz speezielle Menü, deen iech d’Iessen op eng nei Manéier appréciéire léisst.
Nieft der Animatioun hu mer ab 10:00 en Info-Stand mat Broschüren a Bicher zum Ernährungssystem an zu aneren Themme rondrëm global Gerechtegkeet a Klima.
UPDATE: D’Biodiversitéits-Fresque, déi och virgesi war, ka leider wéinst ze wéineg Aschreiwungen net stattfannen.
D’Ëmweltfoire ass an der Däichhal,
3, Rue du Deich, Ettelbruck L-9012,
e Samschdeg 12.9. ab 10:00
Méi Infos op der Facebook-Säit vun der Stad Ettelbréck.

