Als Ofschloss vun der Europäescher Mobilitéitswoch huet den 22. September de Lancement vu BlaBlaCar Daily an der Zone industrielle stattfonnt. Bei dëser Geleeënheet si Membere vum Gemenge- a Schäfferot, Vertrieder vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten sou wéi d’Responsabel vun de Betriiber aus der Zone industrielle zesummekomm, fir de Projet vum Schäfferot a vun der Entreprise BlaBlaCar Daily virgestallt ze kréien.
Zil vum Projet ass et, de Covoiturage an der Zone industrielle geziilt ze fërderen. D’Gemeng stellt den Entreprisen d’Plattform gratis zur Verfügung, esou datt d’Mataarbechter sech just nach mussen umellen, fir sech fir de gemeinsame Wee op d’Aarbecht z’organiséieren. D’Plattform erméiglecht et den Employéen aus verschiddenen Entreprisen, sech einfach mateneen ze verbannen – eng Vernetzung, déi ouni esou en Outil am Alldag dacks schwiereg wier.
De Projet ass aus dem Arbechtsgrupp vum Klimateam entstan. D’Klimateam huet zesumme mam Klimaberoder an dem Service écologique vun der Gemeng no enger Léisung gesicht, fir ënner Anerem d’CO2-Emissiounen an der Gemeng ze senken.
E grousse Merci geet un den Här Loris Meyer, Directeur général – DG III Mobilité, circulation et Infrastructures de Transport, der Madamm Fanny Montemurro Events Project Team Manager bei BlaBlaCar, der Madamm Virginie Ducommun, Smart City bei Indoor Forest, Société d’impact an dem Här Christophe Colacino Mobility Manager bei Fleetability fir hier Präsenz, Erklärungen an hier Presentatiounen am Kader vun dësem Lancement.
D’Gemeng Conter ass houfreg deen éischten Träger zu Lëtzebuerg ze sinn deen esou e Projet um Niveau vun enger Zone d’activités ze lancéieren an hofft dass de Projet an Zukunft seng Friichten dréit.

