De grousse Mobilitéitsdag

Home News Beiträge De grousse Mobilitéitsdag
De grousse Mobilitéitsdag

De grousse Mobilitéitsdag

A.C. Contern - Kerstin Hufer Aus der Praxis 8 Oktober 2026

D‘ Europäesch Mobilitéitswoch fënnt all Joers vum 16. bis den 22. September statt. Säit Joren ass et esou, dass Sonndes an däer Woch d’Gemengen Hesper, Weiler-zum-Tuer an Conter sech zesummendinn, fir en Deel vun den Haptaxen fir de Verkéier ze spären an esou der Mobilité Douce eng méi grouss Plattform ze bidden.

Dëst Joer war aus diverse Grënn den Trajet een aaneren, an zu Conter gouf d’Ravitaillements-Statioun anescht gestallt. Esou koum et, dass am Haff vun der aler Schoul e Sprangschlass opgeriicht gouf, e Verkéiersgaart opgeriicht gouf dee vum Jugendhaus encadréiert ginn ass, den Fairtrade Grupp Kaffi a Bananne verdeelt huet an d’Borschten a.s.b.l. fir Gedrénks a Gegrills gesuergt hunn.

Mir soen all de Benevollen e grousse Merci fir hier Aarbecht an hiert Engagement an all de Participante Merci fir d’Matmaachen.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :