Sonndes, de 14. Mäerz konnt een am Centre
Culturel Mensdorf den Dag gemittlech mat enger Taass Kaffi ufänken oder sech vun
eisen Bio-Produkter verwinnen loossen. Dëst Joer nei: Deftegt Omelett mat Speck
a gebootschten Gromperen! Do dernieft gouf et och en Verkaafsstand aus dem
Drëttweltbuttek a e Kannerspilleck.
Um 11:00
war e Virtrag vum Camille Gira,
Buergermeeschter vu Beckerich, iwwert seng rezent Rees an den Ecuador.