Jetzt anmelden zur Rucksackbibliothek 2021

Home News Beiträge Jetzt anmelden zur Rucksackbibliothek 2021
Jetzt anmelden zur Rucksackbibliothek 2021

Jetzt anmelden zur Rucksackbibliothek 2021

Klima-Bündnis Lëtzebuerg / ASTM Aus der Praxis 11 Februar 2021

Der sidd Enseignant am Cycle 1-4 an Dir wëllt de Kanner aner Kulture méi no bréngen an si zum Liese motivéieren? Dann ass eis Rucksakbibliothéik dat Richtegt fir Iech an Är Klassen!

Vu Mäerz bis Juli wäerten nees Rucksäck gefëllt mat Geschichten aus anere Kulturen an Erzielunge vu Kanner aus anere Länner vu Klass zu Klass reesen. D’Ziel besteet doranner datt d’Kanner eis Welt unhand vu Bicher kenneléieren a virun allem de Spaass um Liese fannen. 

Informatiouns- an Aschreiwungsversammlung den 11te Februar 2021 um 14:00 am CITIM oder per zoom. (Umeldung per Mail un citim@astm.lu)

Fir d’Editioun 2021 hunn mir d’Kannerbuchautorin Eymard Toledo (https://www.ey-toledo.de) invitéiert. Si wäert Mëtt Juni fir eng Woch op Lëtzebuerg kommen a Liesungen a Collage-Workshops duerchféieren. 

D’Unzuel u Liesungen a Workshops ass limitéiert an dowéinst och just fir Klasse méiglech, déi un der Rucksakbibliothéik deelhuelen. Aschreiwe kënnt Dir Iech an der Informatiounsversammlung de 11ten Februar 2021 um 14:00 bei eis am CITIM. Soll Iech d’Participatioun un der Reunioun net méiglech sinn, da kënnt Dir Iech gäre bei eis mellen. 

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :