Schëffleng: Planzaktioun fir eis Neigebuere vum Joer 2015

Home News Beiträge Schëffleng: Planzaktioun fir eis Neigebuere vum Joer 2015
Schëffleng: Planzaktioun fir eis Neigebuere vum Joer 2015

Schëffleng: Planzaktioun fir eis Neigebuere vum Joer 2015

Claudine Feiereisen, Relations publiques Schifflange Aus der Praxis 30 Juni 2016

„Mit jedem Menschen ist etwas Neues in die Welt gesetzt“ (M. Buber)

117 Kanner konnten mer am Joer 2015 als Neibierger hei zu Schëffleng ophuelen. Dëst sinn der méi ewéi an de läschte Joren, wou knapps iwwer 100 Kanner hei zu Schëffleng gebuer sinn. Schëffleng huet am Géigesaz zu villen anere Gemengen an am Verglach mat de Südgemengen eng Populatioun wou déi jénger Generatioun staark vertrueden ass.

Et ass Traditioun hei zu Schëffleng datt mer jidder Neigebuerenem hei zu Schëffleng, wann d’Elteren dat och wëllen e spezielle Kaddo maachen. Mer maachen dat doduerch, datt mer de neigebuerene Kanner en Uebstbam schenken, deen hir Elteren hei zu Schëffleng planzen, sief dat op enger Fläch déi d’Gemeng zur Verfügung stellt oder doheem am eegene Gaard. Dës Aktioun maache mer elo zënter 19 Joër a mer hunn an all deene Joren ëm déi 400 Uebstbeem an ëm déi 150  Uebststräich geplanzt. Ville neigebuerene Kanner an hiren Elteren konnte mer esou eng Freed maachen an alleguer zesummen hunn si flott Biotopen geschaf déi sengesgläiche sichen. Matt villen eenzelnen Aktiounen hu mer an de vergaangenen Joren vill dofir gemaach fir nei Biotoper ze schafen an Déieren- a Planzenarten ze schützen.

Net fir näischt huet d’Gemeng Schëffleng zënter der éischter Editioun scho 5 mol de Label vun der Naturgemeng kritt, woumadder eist Engagement fir eng intakt Natur belount ginn ass. Dëst ass fir eis e Beweis datt mer dat Richtegt maachen. Mer wëllen all deene Merci soen déi eis hëllefen dës Idee ze verwierklechen. Virun allem den Elteren mat hire Kanner. Dann awer natierlech och der lokaler Sektioun vum Natur a Naturschutzgebitt, déi schonn säit Joren eng wäertvoll Aarbecht maachen am Beräich vum Naturschutz.

 

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :