Séit kuerzem sinn zu Zolwer souwuel e Bicherschaf wéi och eng Give Box a Betrib.
De Bicherschaf steet an der rue du Knapp an engem klenge Park hannert der Epicerie. An enger 2. Phase ginn hei ronderëm Stauden a Kräider geplanzt.
Di flott Bamstämm mat de Bicherkëschten dran sinn an Zesummenaarbecht mat dem Fiichter Claude Assel a senger Équipe entstanen.
D’ Give Box steet zentral op der Place de l`Indépendance zu Zolwer. D’Awunner aus der Gemeng brénge Saachen, déi en 2. Liewe verdéngt hunn, an d’Give Box oder kommen sech eppes Interessantes siche wat se nach doheem gebrauch kënnen.
Déi éischt Wochen hu gewisen dass d’ Konzept, wuel well et einfach ass, funktionéiert.