Ruffbus Syrdall – den neien elektresche Ruffbus vun Nidderaanwen a Schëtter

Home News Beiträge Ruffbus Syrdall – den neien elektresche Ruffbus vun Nidderaanwen a Schëtter
Ruffbus Syrdall – den neien elektresche Ruffbus vun Nidderaanwen a Schëtter

Ruffbus Syrdall – den neien elektresche Ruffbus vun Nidderaanwen a Schëtter

AC Schuttrange/AC Niederanven Pic copyright: Andy Weber, AC Schuttrange Aus der Praxis 28 Februar 2022

Den 28. Februar 2022 sinn d‘ Vertrieder vun der Nidderaanwener a Schëtter Gemeng am Centre Polyvalent “A Schommesch” zu Nidderaanwen a Präsenz vum Direkter vun der Administration des transports publics, dem Här Alex Kies, zesummekomm fir déi offiziell Aweiung vum neie Ruffbus Syrdall.

Ab dem 1. Mäerz fusionéiert de Ruffbus vun der Gemeng Nidderaanwen, de Charly, mat dem Syri-Express vun der Gemeng Schëtter zum gemeinsame Ruffbus Syrdall. Dës Fusioun erméiglecht eng effizient Notzung vu béide Bussen, déi an hirem neien Design dat ganzt Gebitt vun den 2 Gemenge befuere wäerten. Niewent den zwou Gemenge ginn och vereenzelt Statiounen an den Nopeschgemenge Betzder, Contern a Sandweiler ugefuer, esou wéi de Rehazenter an d’ Spidol Robert Schuman um Kierchbierg.

De Ruffbus Syrdall ass fir d’ Bierger vun der Gemeng Nidderaanwen a Schëtter gratis. Dir kënnt är Faart ënnert der Telefonsnummer 28 108 -39 reservéieren.

Den Asaz vun elektresche Busser ënnersträichen also däitlech den Engagement vu béide Gemengen fir de Klimaschutz.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :