Ganz Lëtzebuerg klëmmt erëm an de Suedel.
Geschwënn ass déi nächst Editioun vum „Alles op de Vëlo“. Fuert mat eis de Sonnden, de 16. Juli duerch déi wonnerschéin Natur vum Mamerdall op der autofräier Streck tëschent Mamer a Miersch. D’Editioun 2023 wäert och déi lescht Editioun vum Alles op de Vëlo sinn. No 25 erfollegräichen Editioune gouf decidéiert, dat elo Schluss soll sinn. Den „Alles op de Vëlo“ ass eng „Success Story“ a wei heescht et sou schéin: Et soll een ophale wann et am schéinsten ass.
All Detailer fannt Dir hei: https://www.meco.lu/de/blog/documentcenter/alles-op-de-velo-2023/