Bestëbsergaart zu Rolleng

Home News Beiträge Bestëbsergaart zu Rolleng
Bestëbsergaart zu Rolleng

Bestëbsergaart zu Rolleng

Text & Copyright Pics: Service Culture et Communications A.C. Pétange Aus der Praxis 13 Oktober 2025

Zu Rolleng, nieft dem Gebai „An der Uecht“, am fréiere Paschtoueschgaart, huet d’Gemeng Péiteng mat finanzieller Ënnerstëtzung vun der ANF e Bestëbsergaart ugeluecht.

Dëse Projet ass d’Resultat vun enger enker Zesummenaarbecht tëscht der ANF, Natur an Ëmwelt an der Gemeng. Zousätzlech gouf en externe Beroder mat der Beplanzung beoptraagt, wärend eng Gaardebaufirma den Terrain virbereet an d’Weeër ugeluecht huet. D’Planzen an d’strukturell Elementer goufen duerno vum Beroder an dem Personal vum Service Espace Vert vun der Gemeng Péiteng agesat.

Besonnesch flott: och Kanner, déi sech fir den Ëmweltdiplom ageschriwwen haten, hunn aktiv matgehollef – si hunn eng Blummewiss geséint, verschidde Planze gesat an en Insektenhotel gebaut.

Elo, wou alles fäerdeg ass, luet déi Plaz dozou an, d’Natur einfach ze erliewen – ee Moment stoen ze bleiwen, d’Joreszäite bewosst opzehuelen an déif Loft ze huelen.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :