Am Summer 2024 gouf de Fuerpark vun der Gemeng Schëtter ëm een neien E-Auto erweidert. Eng Decisioun, déi am Mee 2024 am Gemengerot gestëmmt gouf. Et ass virgesinn, dass dat neit Gefier fir Deplacementer vum Service Conciergerie an den Asaz kënnt.
D’Transitioun a Richtung Elektromobilitéit ass e wichtege Schrëtt, fir d’CO2-Emissiounen an der Gemeng ze reduzéieren a steet am Aklang mat den Ziler, déi sech am Kader vum Schëtter Leitbild 2030 am Beräich vun der Nohaltegkeet gesat goufen. Bis 2030 ass virgesinn, de Verbrauch vu Gemengenautoen, déi mat fossiller Energie bedriwwe ginn, ëm 50% ze reduzéieren. Den Undeel un Elektroautoen an elektresche Maschinnen am Atelier soll iwwerdeems ëm 50% an d’Luucht goen iwwer déi nächst Joren.
Fir d’Mobilitéit an der Gemeng nach méi nohalteg ze gestalten, fiert de Ruffbus Syrdall schonn zu 100% elektresch an de Schoultransport wäert an Zukunft och elektresch bedriwwe ginn. D’Offer un Opluetstatioune wäert ausserdeem kontinuéierlech ausgebaut ginn. Aktuell zielt d’Gemeng Schëtter 4 Opluetstatiounen, 8 Elektrogefierer, déi zu 100% elektresch fueren, an 2 E-Bikes. Den éischten E-Auto gouf 2016 a Betrib geholl.


