Am Kader vun der Mobilitéitswoch huet d’Gemeng Conter e Sonndeg, den 19. September zesumme mat de Gemengen Hesper a Weiler zum Tuer de Grousse Vëlostour organiséiert. Interesséierter haten hei d’Méiglechkeet, eng gemittlech Ronn Vëlo mat Frënn an Noperen ze fueren. Et gouf och gratis Kuch, Taarten a (vun eisem Jugendhaus Mutfert) Pangecher! Dat Ganzt gouf ofgeronnt vun enger Tombola, bei der ee flott Präisser gewanne konnt.
Zum Start um 14.00 Auer hunn d’Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet an de Mobilitéitsschäffe Fernand Schiltz eng Erëffnungsried gehalen. Déi designéiert Vëlosstréck war wärend dem Event fir den Autosverkéier gespaart.
Villmools Merci u jiddereen, deen dorunner bedeelegt war, dass dëse Grousse Vëlosdag esou flott verlaf ass!