Podcast „Anescht Liewen“: Interviews mam Magali Paulus an mam Helder da Graça

Home News Beiträge Podcast „Anescht Liewen“: Interviews mam Magali Paulus an mam Helder da Graça
Podcast „Anescht Liewen“: Interviews mam Magali Paulus an mam Helder da Graça

Podcast „Anescht Liewen“: Interviews mam Magali Paulus an mam Helder da Graça

ASTM/Klima-Bündnis Lëtzebuerg Gemeinden 3 März 2023

Biergerbedeelegung brauch Zäit – een Interview mam Magali Paulus vun CELL

Mam Magali Paulus vum CELL asbl schwätze mir iwwer Biergerbedeelegung zu Lëtzebuerg. Wat fir Projete ginn et? Wat sinn typesch Problemer vun der Biergerbedeelegung hei am Land? Firwat ass et wichteg iwwert Biergerbedeelegung ze schwätzen an se och ëmzesetzen? Wat muss berécksiichtegt gi fir dass et zu enger realer Biergerbedeelegung ka kommen?

World Music gëtt et net oder alles ass Weltmusek – een Interview mam Helder da Graça vu Finkapé

Mam Helder da Graça vu Finkapé schwätze mir iwwert de musikalesche Projet Klangkeller, den Term World Music, Dekolonisatioun am Museksunterrecht an Diversitéit a Representatioun an de Concertshalen.

 

„Anescht Liewen“ ass de Podcast vun der ASTM an Zesummenaarbecht mat Radio ARA an dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg. Dësen Podcast ass fir all Mënsch deen sech fir global Zesummenhäng, Klimagerechtegkeet, Solidaritéit mam globalen Süden an weider änlech Themen interesséiert.
All éischten Freiden am Mount kennt eng nei Episod eraus. Zu dësem Podcast gehéiert och en Agenda mat interessanten Veranstaltungen zu den Themen vun ASTM an Klima-Bündnis Lëtzebuerg.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :