Projet “Séchere Schoulwee um Vëlo” zu Nidderaanwen

Home News Beiträge Projet “Séchere Schoulwee um Vëlo” zu Nidderaanwen
Projet “Séchere Schoulwee um Vëlo” zu Nidderaanwen

Projet “Séchere Schoulwee um Vëlo” zu Nidderaanwen

A.C. Niederanven & KB Lëtzebuerg Aus der Praxis 26 Juni 2023

D’ Gemeng Nidderaanwen huet – an enker Zesummenaarbecht mat der Maison relais, ProVelo asbl an dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg – de Projet „Séchere Schoulwee um Vëlo“ duerchgezunn fir de Kanner vum Sennengerbierg a vun Iernster d’ an d’Schoulfueren um Vëlo ënnert de bescht méiglechen Konditiounen ze erméiglechen. Dëst, well déi 2 Uertschaften aus der Gemeng ze vill wäit ewech vun der Schoul leien, fir mat engem Pedibus ze bedéngen.

De Projet bestoung aus e puer Phasen:

  • D’ Identifikatioun an d’ Adaptatioun vun engem séchere Parcours um Vëlo bis an d’ Schoul;
  • Vëloscours’en fir Kanner vun 8-12 Joer;
  • Eng Begleedung um Vëlo-Schoulwee (hin an zeréck) wärend der Woch vum 19.-23. Juni.

Wann och d’Cours’sen net de ganz groussen Zoulaf fonnt hunn, sou war dat begleeten „zesummen an d’Schoulfueren“ e grousse Succès: vill Kanner an och eng ganz Partie Elteren hunn hei matgemeet, net ze schwätzen vun de villen Éierenamtlechen aus der Ëmweltkommissioun, déi mat derbäi waren a gehollef hunn d’Kanner z’encadréieren. Fir sie all – Kanner ewéi Erwuessener – gouf et säitens der Gemeng e klenge Cadeau fir Merci ze soen.

Dat d’Wiederconditiounen an där Woch net ëmmer esou optimal waren, huet der Saach net geschuet. Wéinst dem grousse Succès – an der Demande vu Kanner an Elteren – gouf och decidéiert, de Projet nach bis Schoul-Enn ze verlängeren: all Mëttwochs kennen d’Schüler:innen elo nach begleet mam Vëlo an d’Schoul fueren.

An d’Gemeng Nidderaanwen iwwerleet sech iwwert d’Summervakanz, wéi et mat dëser Initiative kennt am neie Schouljoer virugoen, den Essai ass op alle Fall emol gegléckt.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :