Liewenstuerm zu Nidderaanwen

Home News Beiträge Liewenstuerm zu Nidderaanwen
Liewenstuerm zu Nidderaanwen

Liewenstuerm zu Nidderaanwen

© Gemeng Nidderaanwen Aus der Praxis 24 März 2023

De Freiden, 24. Mäerz, ass zu Nidderaanwen ,,Am Sand’’ e Liewenstuerm ageweit ginn. Dëse Liewenstuerm soll e Symbol fir den Erhalt vu der Aartevillfallt sinn an den Insekten, Reptilien, Villercher a Kleinsäuger e Liewensraum bidden. Deementspriechend goufen d’Etage vum Tuerm mat verschiddene Materialie befëllt. D’Anlag ëm den Tuerm ronderëm ass mat enger einheimescher Kraidermëschung agegeséit ginn an zousätzlech si Beem a Straich geplanzt ginn, déi duerch hir Bléie besonnesch bestäuberfrëndlech sinn.

De Liewensbam a seng Anlag, eng Initiativ vun der lokaler Ëmweltkommissioun, ass an Zesummenaarbecht mam SIAS, dem Fierschter an dem Gaardendéngscht vun der Gemeng ausgeféiert ginn, woubäi d’Riedner bei der Aweiung ervirgehuewen hunn, dass d’Gemeng Nidderaanwen ëmmer en oppent Ouer hätt, wann et dorëms géing goen d’Biodiversitéit an den Naturschutz ze fërderen.

Dëse Liewenstuerm beräichert, niewent der ekologescher Leeschtung, d’Landwirtschaftsbild a Mëtte vun engem Campus wou Schoul, Altersheem, Sport a Kultur ugesidelt sinn – e sensibiliséiert och d’Thema vun der Aartefërderung.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :