Invitatioun Seminaire Aktiv am ëffentleche Raum mat Infrastrukture fir jiddereen: verkéiersberouegt – begréngt – liewenswäert

Home News Beiträge Invitatioun Seminaire Aktiv am ëffentleche Raum mat Infrastrukture fir jiddereen: verkéiersberouegt – begréngt – liewenswäert
Invitatioun Seminaire Aktiv am ëffentleche Raum mat Infrastrukture fir jiddereen: verkéiersberouegt – begréngt – liewenswäert

Invitatioun Seminaire Aktiv am ëffentleche Raum mat Infrastrukture fir jiddereen: verkéiersberouegt – begréngt – liewenswäert

ProVelo asbl & Klima-Bündnis Lëtzebuerg asbl Aus der Praxis 27 November 2026

ProVelo.lu an d’Klima-Bündnis Lëtzebuerg asbl invitéieren op e Seminaire zum Thema:

Aktiv am ëffentleche Raum mat Infrastrukture fir jiddereen: verkéiersberouegt – begréngt – liewenswäert

Freides, de 27. November 2026
vun 09.00 – 12.15 Auer am Oekozenter Pafendall
6, rue Vauban zu Lëtzebuerg

Programm

08h30 Accueil

09h00 Begréissung

09h15 Cycling Towards Empathy – (Re)Shaping the conversation for why an equitable approach is important: Melissa Bruntlett / Modacity Creative

09h40 Ënnerwee ass zesumme liewen: Schaaf Milani-Nia / Ville de Luxembourg

10h05 Kaffispaus

10h30 Verkéiersberouegung zu Lëtzebuerg – Prinzipien, Richtlinnen an hir Ëmsetzung no apaisement.lu: Jeff Biever / Ministère de la Mobilité et des Travaux Publics

10h55 Blo a Gréng Infrastrukturen an der Quartiersplanung: Lex Faber / Zeyen & Baumann

11h20 De Vëlo am ländleche Raum: Michel Heckel / LSC 360

11h45 Diskussioun a Froen

12h05 Kommunikatioun – Vëloskalenner velo.lu: Tim Eastwood / ProVelo.lu

12h15 Ofschloss a Mëttegiessen (Op Umeldung (Präis 17€) an der Jugendherberg Pafendall)

Invitation Seminaire 27 November

Dëse Seminaire riicht sech u politesch an technesch Responsabel vu Gemengen, u Leit aus Berodungs-Kommissiounen, u Professioneller aus dem Transport- a Planungssektor, an un all déi, déi um Thema „douce Mobilitéit“ an “espace public” interesséiert sinn.

Esou erreecht Dir eis:

Oekozenter Pafendall:
• ze Fouss oder mam Vëlo: vum „Fëschmaart“ iwwert d’Montée de Pfa enthal, mam Panorama-Lift
(Agank am Park „Pescatore“) direkt an de Pafendall oder mam Funiculaire bei der Gare Pafendall-Kierchbierg;
• mam Bus: AVL 23 an 26 (Arrêt Théiwesbur): www.mobiliteit.lu;
• mam Zuch: Gare Pafendall-Kierchbierg;
• mam Auto: am Beschten um Glacis parken an dann de Panorama-Lift huelen (Agank am Park „Pescatore“).

Organisatioun:
ProVelo.lu
Oekozenter Pafendall – 6, rue Vauban L-2663 Lëtzebuerg – Tel. 43 90 30 29 – info@provelo.lu

Klima-Bündnis Lëtzebuerg
Oekozenter Pafendall – 6, rue Vauban L-2663 Lëtzebuerg – Tel. 43 90 30 26 – info@klimabuendnis.lu

All Participanten kréien op Ufro e Certificat de participation ausgestallt.

Umeldungen:

iwwer den Online Formulaire op der Homepage provelo.lu – Agenda

oder via dësen QR-Code:

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :