De Samschdeg 6.6 stoung an der Gemeng Nidderaanwen de Moie komplett am Kader vum Klima. No enger kuerzer Introduktioun vum Klimapaktberoder vun der Gemeng bezüglech dem kommunalen Dekarboniséierungsplang, ass a Workshops zu 4 verschiddene Theme geschafft ginn Energieconsommatioun, naturno Gäert, Mobilitéit an Energieproduktioun.
Éischte Klimaforum zu Nidderaanwen
16 Juni 2026












