De Samschdeg 6.6 stoung an der Gemeng Nidderaanwen de Moie komplett am Kader vum Klima.
No enger kuerzer Introduktioun vum Klimapaktberoder vun der Gemeng bezüglech dem kommunalen Dekarboniséierungsplang, ass a Workshops zu 4 verschiddene Theme geschafft ginn.
Zesumme mat dem Klimateam, Naturteam, der Ëmweltkommissioun an der Energietransitiounskommissioun sinn zu den Themen Energieconsommatioun, naturno Gäert, Mobilitéit an Energieproduktioun déi gréissten Erausfuerderungen a Problemer definéiert ginn.
Uschléissend sinn no Léisunge gesicht ginn, déi zur visueller Ënnerstëtzung mat Lego gebaut gi sinn.

