Zesummen ee Wëllstaudebeet planzen – Partizipative Chantier an der Gemeng Stengefort

Home News Beiträge Zesummen ee Wëllstaudebeet planzen – Partizipative Chantier an der Gemeng Stengefort
Zesummen ee Wëllstaudebeet planzen – Partizipative Chantier an der Gemeng Stengefort

Zesummen ee Wëllstaudebeet planzen – Partizipative Chantier an der Gemeng Stengefort

Copyright Foto & Text: Gemeng Stengefort/Service écologique Aus der Praxis 21 Oktober 2026

Den 10. Oktober war an der Cité op Eechelter zu Stengefort eng méi lass.

Mat Ronn 15 Bierger goufen d’Beeter an der Strooss nei beplanzt. Ënnert dem Motto #Stengefort naturno initiéiert d’Gemeng reegelméisseg Aktiounen zu Theme ronderëm den naturnoe Gaart an d’Stäerkung vun der Biodiversitéit op ëffentleche Flächen.

De partizipative Chantier war fir eng Première a gutt besicht.

Wéi op villen ëffentleche Gréngflächen, waren och an dëser Strooss d’Beeter veraalt a hu mat invasiven an net heemesche Planzenaarte keng Liewensgrondlag fir Insekte gebueden. Dat soll no an no an der Gemeng geännert ginn.

Dofir kruten d’Participante Informatiounen zum Uleeë vun engem naturnoe Beet mat Wëllstauden aus regionalem Ubau a konnten du selwer eng Hand mat upake fir d’Strooss nei ze gestalten. Mir freeën eis op d’Fréijoer an op ee räichhaltege Buffet fir eis Bestëbser!

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :