ProVelo.lu an d’Klima-Bündnis Lëtzebuerg asbl invitéieren op e Seminaire zum Thema:
Aktiv am ëffentleche Raum mat Infrastrukture fir jiddereen: verkéiersberouegt – begréngt – liewenswäert
Freides, de 27. November 2026
vun 09.00 – 12.15 Auer am Oekozenter Pafendall
6, rue Vauban zu Lëtzebuerg
Programm
08h30 Accueil
09h00 Begréissung
09h15 Cycling Towards Empathy – (Re)Shaping the conversation for why an equitable approach is important: Melissa Bruntlett / Modacity Creative
09h40 Ënnerwee ass zesumme liewen: Schaaf Milani-Nia / Ville de Luxembourg
10h05 Kaffispaus
10h30 Verkéiersberouegung zu Lëtzebuerg – Prinzipien, Richtlinnen an hir Ëmsetzung no apaisement.lu: Jeff Biever / Ministère de la Mobilité et des Travaux Publics
10h55 Blo a Gréng Infrastrukturen an der Quartiersplanung: Lex Faber / Zeyen & Baumann
11h20 De Vëlo am ländleche Raum: Michel Heckel / LSC 360
11h45 Diskussioun a Froen
12h05 Kommunikatioun – Vëloskalenner velo.lu: Tim Eastwood / ProVelo.lu
12h15 Ofschloss a Mëttegiessen (Op Umeldung (Präis 17€) an der Jugendherberg Pafendall)
Invitation Seminaire 27 November
Dëse Seminaire riicht sech u politesch an technesch Responsabel vu Gemengen, u Leit aus Berodungs-Kommissiounen, u Professioneller aus dem Transport- a Planungssektor, an un all déi, déi um Thema „douce Mobilitéit“ an “espace public” interesséiert sinn.
Esou erreecht Dir eis:
Oekozenter Pafendall:
• ze Fouss oder mam Vëlo: vum „Fëschmaart“ iwwert d’Montée de Pfa enthal, mam Panorama-Lift
(Agank am Park „Pescatore“) direkt an de Pafendall oder mam Funiculaire bei der Gare Pafendall-Kierchbierg;
• mam Bus: AVL 23 an 26 (Arrêt Théiwesbur): www.mobiliteit.lu;
• mam Zuch: Gare Pafendall-Kierchbierg;
• mam Auto: am Beschten um Glacis parken an dann de Panorama-Lift huelen (Agank am Park „Pescatore“).
Organisatioun:
ProVelo.lu
Oekozenter Pafendall – 6, rue Vauban L-2663 Lëtzebuerg – Tel. 43 90 30 29 – info@provelo.lu
Klima-Bündnis Lëtzebuerg
Oekozenter Pafendall – 6, rue Vauban L-2663 Lëtzebuerg – Tel. 43 90 30 26 – info@klimabuendnis.lu
All Participanten kréien op Ufro e Certificat de participation ausgestallt.
Umeldungen:
iwwer den Online Formulaire op der Homepage provelo.lu – Agenda
oder via dësen QR-Code:


