Am Summer 2024 gouf de Fuerpark vun der Gemeng Schëtter ëm een neien E-Auto erweidert. D’Transitioun a Richtung Elektromobilitéit ass e wichtege Schrëtt, fir d’CO2-Emissiounen an der Gemeng ze reduzéieren a steet am Aklang mat den Ziler, déi sech am Kader vum Schëtter Leitbild 2030 am Beräich vun der Nohaltegkeet gesat goufen. Bis 2030 ass virgesinn, de Verbrauch vu Gemengenautoen, déi mat fossiller Energie bedriwwe ginn, ëm 50% ze reduzéieren.
En neien Elektroauto fir d’Gemeng Schëtter
9 Oktober 2024












