Semaine Européenne de la Mobilité 2008 – Ouni Auto duerch de Kordall

Home News Beiträge Semaine Européenne de la Mobilité 2008 – Ouni Auto duerch de Kordall

Semaine Européenne de la Mobilité 2008 – Ouni Auto duerch de Kordall

Klima-Bündnis Lëtzebuerg Differdange 21 September 2008

Och dëst Joer huet et nees an de Kordallgemengen geheescht “Ouni Auto duerch de Kordall”, eng Initiativ, déi vun deene 5 Gemenge Déifferdeng, Käerjeng, Kéinzeg, Péiteng a Suessem gedroe gouf.

Bei dëser drëtter Editioun hatten d’Awunner aus dëse Gemengen an all anner interesséiert Léit nees d’Méiglechkeet e flotten Tour duerch de Kordall ze machen. Ganz erfreelech war awer och, datt nees vill Kanner sech fir dësen Dag mam Vëlo begeeschtert hun. Doderniewt goufen och Trëppeltir an en Tour fir Léit « à mobilité réduite » ugebueden.

Si all konnten sech no der Ustrengung bei den Animatiounen, déi dëst Joer vun de Gemengen Péiteng a Käerjeng an Zesummenaarbecht mat de Lokalveräiner organiséiert goufen, zu Péiteng op der Liberatiounsplaz esou richteg ameséieren.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :