Podcast „Anescht Liewen“: Interview mam Ivonne Yanez vun Acción Ecológica am Ecuador

Home News Beiträge Podcast „Anescht Liewen“: Interview mam Ivonne Yanez vun Acción Ecológica am Ecuador
Podcast „Anescht Liewen“: Interview mam Ivonne Yanez vun Acción Ecológica am Ecuador

Podcast „Anescht Liewen“: Interview mam Ivonne Yanez vun Acción Ecológica am Ecuador

Klima-Bündnis Lëtzebuerg Aktionen mit Süd-Partnern 15 März 2021

D’Ivonne Yanez vun Acción Ecológica setzt sech fir d’Rechter vun der Natur an a schafft zesumme mat den indigene Bevëlkerungen am Ecuador. D’Ivonne erkläert am Podcast-Interview firwat Frae besonnesch ënnert dem Klimawandel leiden a firwat et hirer Meenung no wichteg ass Ecofeministin ze sinn.

Acción Ecológica ass eng Partnerorganisatioun vun Action Solidarité Tiers Monde – ASTM an dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg. Ënnert anerem huet bei der Studierees vum Klima-Bündnis an den Ecuador 2017 en Treffe mat Acción Ecológica stattfonnt.

Déi Episode:

 

„Anescht Liewen“ ass de Podcast vun der ASTM an Zesummenaarbecht mat Radio ARA an dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg. Dësen Podcast ass fir all Mënsch deen sech fir global Zesummenhäng, Klimagerechtegkeet, Solidaritéit mam globalen Süden an weider änlech Themen interesséiert.

All éischten Freiden am Mount kennt eng nei Episod eraus. Zu dësem Podcast gehéiert och en Agenda mat interessanten Veranstaltungen zu den Themen vun ASTM an Klima-Bündnis Lëtzebuerg.

 

„Anescht argumentéieren – Um Stamminee“  ass den Podcast vun ASTM an dem Klimabündnis an Zesummenaarbecht mat Radio ARA wou sech domat auserneegesat gëtt wei een kann souverän op Stammdëschparollen reagéieren.

All zweeten Freiden am Mount kennt eng nei Episod eraus. Den Podcast baséiert um Projet Klim(a)rtikulieren vum Klima-Bündnis Éisträich. Zu Lëtzebuerg huet Klima-Bündnis dësen Projet als Klim(a)rgumentéieren ëmgesat.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :