2 nei Photovoltaikanlagen an der Gemeng Kielen

Home News Beiträge 2 nei Photovoltaikanlagen an der Gemeng Kielen
2 nei Photovoltaikanlagen an der Gemeng Kielen

2 nei Photovoltaikanlagen an der Gemeng Kielen

Pascal Welter Aus der Praxis 15 Dezember 2014

Nodeems de System sech schonn e puer mol bewäert huet, goufen d’lescht Joer an der Gemeng Kielen 2 weider Photovoltaikanlagen a Betrib geholl. Eng um Dag vun der Kierch zu Keespelt an déi aner vum Dag vum Centre culturel zu Nouspelt.

Béid Anlage lafen ënnert dem Statut vun enger Coproprietéit. Dat heescht all Awunner vun der Gemeng krut d’Méiglechkeet eng oder méi Parten (jee nodeems wéi héich d’Nofro géif ausfalen) ze kafen. D’Parte ware schnell vergraff an d’Nofro war esou grouss, datt een esouguer nach hätt kënnen eng weider Anlag plangen. Allerdéngs war d’Sich no engem weideren Daach, fir eng Anlag mat maximaler Leeschtungskapazitéit dropzesetzen, net vun Erfolleg gekréint.

Et blouf also um Enn bei 2 neien Anlagen, bei elo 4 Anlagen am Ganzen, mat deenen d’Kielener Gemeng hiren Deel zu enger méi nohalteger Energiepolitik bäidréit.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :