D’Klima-Bündnis Lëtzebuerg trauert em de Jean-Marc Hierzig.
Hien war de laangjärege Vertrieder vun der Gemeng Réimech an eise Gremien, Grënnungsmember vun der asbl Klima-Bündnis Lëtzebuerg leschten Dezember, grad ewéi Member vum Verwaltungsrot dovunner. Virun allem awer war hien e feine Kärel, mat deem ee gutt konnt diskutéieren, laachen a gecksen. Hien wäert ville Leit, virop senger Famill, senge Frënn a Bekannten an dem Veräinsliewe vu Réimech batter feelen. Eis och!
Äddi Jean-Marc!


