ASTM sicht een oder eng Responsabel fir entwécklungspolitesch Bildungs- a Sensibiliséierungsaarbecht (CDD fir 14 Méint)

Home News Beiträge ASTM sicht een oder eng Responsabel fir entwécklungspolitesch Bildungs- a Sensibiliséierungsaarbecht (CDD fir 14 Méint)
ASTM sicht een oder eng Responsabel fir entwécklungspolitesch Bildungs- a Sensibiliséierungsaarbecht (CDD fir 14 Méint)

ASTM sicht een oder eng Responsabel fir entwécklungspolitesch Bildungs- a Sensibiliséierungsaarbecht (CDD fir 14 Méint)

Klima-Bündnis/ASTM Home 17 Dezember 2018

Dir hutt Loscht an enger Entwécklungs-ONG matzeschaffen, déi sech fir e méi solidareschen, gerechten an nohaltege Gesellschaftsmodell souwuel an de Länner vum globale Süde wéi och zu Lëtzebuerg asetzt? Déi de Respekt an d’Ëmsetzung vun de fundamentale Rechter vun all Persoun an de Mëttelpunkt vu hirer Aarbecht setzt? Dir sidd motivéiert an onser Equipe bei Sensibiliséierungsaktioune fir Kanner a Jonker matzeschaffen?

Action Solidarité Tiers Monde (ASTM) ass eng ASBL déi sech säit 1969 fir eng politesch, ekonomesch, sozial a kulturell Emanzipatioun vun de Populatiounen aus der Drëtter Welt asetzt. Si mécht dat duerch eng direkt Ënnerstëtzung vu Partnerorganisatiounen an duerch Sensibiliséierung a politesch Meenungsbildung zu Lëtzebuerg an an Europa. D’ASTM ass eng vum Kooperatiounsministère unerkannten Entwécklungs-ONG.

Zesumme mam Mouvement écologique koordinéiert a representéiert d’ASTM d’Klima-Bündnis Lëtzebuerg an dréit do zu enger Nord-Süd Approche vun de Problemer bäi. Et ass an dësem Kader wou mer eng Kandidat*in sichen.

D’Aktivitéite vun der ASTM baséieren op enger enker Zesummenaarbecht tëschent den aktive Memberen an dem haaptamtleche Personal.

De CV mat engem Motivatiounsschreiwes soll bis de Sonndeg, 13. Januar 2019 am beschte per E-mail un candidate@astm.lu, anerefalls per Post un Action Solidarité Tiers Monde asbl, 55 av. de la Liberté, L-1931 Luxembourg geschéckt ginn.

CDD mat 40 Stonne pro Woch. Ufank 1. Mäerz 2019. Dauer vun der Ustellung 14 Méint.

Hier Stellenbeschreibung im pdf-Format runterladen.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :