De Weekend
vum 25., 26. an 27. Mäerz hat TransFair landeswäit zum "Faire
Breakfast" opgeruff.
Och
d’Ëmweltkommissioun vun der Tandeler Gemeng huet un der Aktioun "Faire
Kaffisdësch" deelgeholl, esou wéi si dat
schonns déi lescht 7 Joer gemaach huet.
D’ Leit
haten hiert fairt Mueresiesse bestallt a kruten deelweis regional a bio,
deelweis fairgehandelt Produkter an enger gemittlecher Atmosphär zerwéiert. 120
Leit aus de Gemeng an der Ëmgéigend, hu bei dëser flotter Aktioun matgemaach.
Fernande Schammel-Aust