Groussen Interessi fir Projet GROW

Home News Beiträge Groussen Interessi fir Projet GROW
Groussen Interessi fir Projet GROW

Groussen Interessi fir Projet GROW

CELL & KB Lëtzebuerg Aus der Praxis 28 März 2019

Lëtzebuerg ass eng vun 9 Regiounen an Europa, déi beim europäesche Buedem-Observatoire matmaachen, fir mat Hëllef vu Sensoren d‘Buedem-Fiichtegkeet ze moossen, fir esou Satellitendaten kennen ze validéieren an d‘Klimamodeller ze verbesseren. Extrem klimatesch Evenementer, wéi Dréche-Perioden oder staarke Reen kennen sou besser virausgesot ginn, eis Landnotzung an Ubaumethoden dem Klimawandel besser ugepasst ginn, fir eis Biedem nohalteg ze erhalen.

    

Dofir ginn – via CELL- uerchtert Land gratis Capteuren verdeelt, déi dës Daten regelméisseg ophuelen an un eng zentral Datebank viruginn. Eng Info-Versammlung fir interesséiert Gemengen, en Donneschdeg 28. Mäerz am Oekozenter Pafendall, ass op vill Interessi gestouss. Méi wéi 12 Gemengen ware vertrueden an hu sech bereed gewisen, matzemaachen. Aanerer wellen dat nach fir d’éischt intern an den Servicer klären…

Déi lëtzebuerger Responsabel vum Projet, d’Karine Paris an d’Tania Walisch sti fir all weider Informatiounen bereed, bei Bedarf kann och nach lokal eng Infoveranstaltung organiséiert ginn:

Kontakt GROW PLACE Luxembourg

grow@cell.lu

Karine Paris: 691737699/ Tania Walisch: 621700716

https://growobservatory.org/

 

 This project has received funding from the European Union’s Horizon 2020 research and innovation programme under grant agreement No 690199.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :