Lokale Maart Luerenzweiler

Home News Beiträge Lokale Maart Luerenzweiler
Lokale Maart Luerenzweiler

Lokale Maart Luerenzweiler

Marguy Kirsch-Hirtt Aus der Praxis 25 Oktober 2017

Och dëst Joer war nees lokale Maart zu Luerenzweiler e vollen Erfolleg. Trotz Reen a Keelt hunn d’Leit sech no ofhale gelooss fir bei der 3ter Editioun matzemaachen an akafen ze kommen.

Op 30 Stänn gouf selwergemaachte Gebeess, Hunneg, Sirop, Drëpp, Zoossiss, Paté, Jelli, Gereechertes, Bijouen, Deko-Material a Villes méi ugebueden.

Och fir Iessen an Drénke war beschtens gesuergt an d’Stëmmung war gutt.

An dat alles natierlech op nohalteger Basis. D’Maartleit hunn eng Charta ënnerschriwwen, wou se sech verflicht hunn regional Produiten ze verschaffen, sou mann wéi méiglech Verpackungs-Material ze benotzen, Waasser ze spueren asw. D’Gemeng Luerenzweiler huet déi néideg Infrastruktur zu Verfügung gestallt.

De lokale Maart huet sech seng Renommée gemaach a mir freeën eis schon op d’Editioun 2018.

 

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :