Mam Vëlo a menger Gemeng: Séier, praktesch, gesond

Home News Beiträge Mam Vëlo a menger Gemeng: Séier, praktesch, gesond
Mam Vëlo a menger Gemeng:  Séier, praktesch, gesond

Mam Vëlo a menger Gemeng: Séier, praktesch, gesond

KB Lëtzebuerg & LVI & Mouvement Ecologique Aus der Praxis 30 Januar 2018

Invitatioun

D’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) an d’Klima-Bündnis Lëtzebuerg, an Zesummenaarbecht mam Mouvement Ecologique, invitéieren op e Seminaire zum Thema:

Mam Vëlo a menger Gemeng: Séier, praktesch, gesond

Donneschdes, den 22. Februar 2018 vun 18.00 – 20.30 Auer am Oekozenter Pafendall 6, rue Vauban zu Lëtzebuerg

oder

Méindes, de 26. Februar 2018 vun 18.00 – 20.30 Auer an der Däichhal 3, rue du Deich zu Ettelbréck

 

Programm

17h30 Accueil

18h00 Begréissung

18h10 Infrastrukture schafen a Loscht op Vëlofuere maachen

Monique Goldschmit, Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI)

18h30 Wéi passt de Vëlo an de lëtzebuerger Stroosseraum?

Ministère du Développement durable et des Infrastructures, Cellule Mobilité Douce

19h00 Best Practice-Beispiller aus lëtzebuerger Gemengen

19h40 Vëlosparkplazen: wéi, wou a (fir)wat?

Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI)

19h50 Geséchert Vëlosparkplazen: Projet mBox fir d‘Gemengen

Joé Schmit, Verkéiersverbond

20h00 Diskussioun a Froen

20h30 Patt

Dëse Seminaire riicht sech u politesch an technesch Responsabel vu Gemengen, u Leit aus Berodungs-Kommissiounen, u Professioneller aus dem Transport- a Planungssektor, an un all déi, déi um Thema „douce Mobilitéit“ interesséiert sinn.

Umeldungen iwwer Email: lvi@velo.lu

oder Formulaire: www.lvi.lu

 

Esou erreecht Dir eis:

-> Oekozenter Pafendall:

  • ze Fouss oder mam Vëlo: vum „Fëschmaart“ iwwert d’Montée de Pfaffenthal, mam Panorama-Lift

(Agank am Park „Pescatore“) direkt an de Pafendall oder mam Funiculaire bei der Gare Pafendall-Kierchbierg;

  • mam Bus: AVL 23 (Arrêt Théiwesbur): www.mobiliteit.lu;
  • mam Zuch: Gare Pafendall-Kierchbierg;
  • mam Auto: am Beschten um Glacis parken an dann de Panorama-Lift huelen (Agank am Park „Pescatore“).

-> Däichhal, Ettelbréck:

  • ze Fouss oder mam Vëlo: iwwert d‘PC15 aus Richtung Süden oder d‘PC16 aus Richtung Nordosten

a vun der Ettelbrécker Gare aus;

  • mam Bus: Bus 509 (Arrêt Rue du Deich) oder Bus 535 (Arrêt Place du Marché): www.mobilitéit.lu;
  • mam Zuch: Gare Ettelbréck;
  • mam Auto: op de Parking vun der Däichhal.

 

Organisatioun:

Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ, Klima-Bündnis Lëtzebuerg a Mouvement Ecologique

Oekozenter Pafendall – 6, rue Vauban L-2663 Lëtzebuerg – Tel. 43 90 30 29 – lvi@velo.lu

De Seminaire gëtt ënnerstëtzt vum Institut national d’administration publique (INAP).

Klimapaktberoder kréien e Certificat de participation.

 

2018 02 LVI KB ME Invitation Séminaires A5

Anmelden für unseren Newsletter

Um sicherzugehen keine News zu verpassen, können Sie Ihre E-Mail-Adresse in das Formular eintragen :