Den 28. Abrëll 2021 ass zesumme mam SIAS de Gréngflächeplang vun der Gemeng Schëtter am Gemengerot virgestallt ginn. Dëse Gréngflächeplang gesäit, fir all eenzel Gréngfläch déi der Gemeng gehéiert, kloer Direktive fir eng nohalteg Beplanzung a Gestioun vir. Et ass kloer festgehalen, dass weiderhi keng Pestiziden agesat ginn an dass den ëffentleche Raum naturno, biodiversitéitsfrëndlech an extensiv bewirtschaft gëtt.
Gréngflächeplang Schëtter
21 Juni 2021











