Well mer 2021 eis 25 Joer Klima-Bündnis Lëtzebuerg feieren, hu mer eis geduet et wier flott, fir déi heefegst Froen am Zesummenhang mat eisem Gemengen-Netzwierk emol opzeschaffen:
Dorenner z.B folgend:
– Zu wat engagéiert sech eng Gemeng déi am Klima-Bündnis ass?
– Wat ass eigentlech de Klima-Bündnis Lëtzebuerg?
– Schafft d’Klima-Bündnis Lëtzebuerg och national mat aneren Akteuren zesummen?
– …
Jee, alles, wat Dir schonn ëmmer iwwert d’Klima-Bündnis wesse wollt, héiert Dir an den nexten Deeg am „3 mol eng Fro“ um Radio op RTL – oder heidrënner !